Eis Sprooch an eis Identitéit. Fakten, Zuelen, Iwwerleeungen.

"Hei am Land gouf ëmmer scho Lëtzebuergesch geschwat!"

Ursprénglech, 963, wéi de Siegfried d’Lucilinburhuc um Bockfiels kaf huet, ass et d'däitsch an d'franséisch Sprooch, wéi mer se haut kennen, nach net ginn. Béid hunn sech eréischt am Laf vun de Jorhonnerten an hirer haideger moderner Form entwéckelt. Mä d'Gebitt vun der Grofschaft an dem spéideren Herzogtum Lëtzebuerg louch op deenen zwou Säiten vun der Sproochegrenz. 

1839 huet den Groussherzogtum seng franséisch- a wallouneschsproocheg Deeler verluer, ma déi ganz Zäit iwwer huet d'Franséisch als Verwaltungssprooch dominéiert an dëst ass och no 1839 esou bliwwen, wéi de jonke Staat seng éischt eegen Institutiounen kritt huet. Eng vun deene wichtegsten war d'Primärschoul, déi 1843 geschafe ginn ass an déi däitsch-franséisch zweesproocheg war. Deemools ass an all Duerf aneschtes geschwat ginn, an d'Leit hunn dës Dialekter Lëtzebuerger-Däitsch genannt oder heiansdo och "schlecht Däitsch", well dat Guttdäitsch oder d'Houdäitsch dat huet just de Schoulmeeschter an der Klass oder de Paschtouer an der Kierch geschwat.

Géint Enn vum 19. Joerhonnert ass duerch den Ausgläich vun den Dialekter eng Zort 'Standardlëtzebuergesch' entstanen, dat méi oder wéineger mam Dialekt vum Uelzechtdal tëschend der Haaptstad an Miersch identesch ass. Dës nei Ëmgangssprooch huet am Laf vum 20. Joerhonnert, déi al Dialekter ëmmer méi verdrängt, mä et huet bis nom zweete Weltkrich gedauert, bis se vun ëmmer méi Leit als Sprooch ugesi ginn ass.

Dofir ass 1948 de Verfassungsartikel an deem däitsch-franséisch Zweesproochegkeet festgeschriwwen war, ofgeschaf ginn. Iewel et soll nach bis 1984 daueren bis  d'Land duerch e Sproochegesetz dräisproocheg ginn ass: mat Lëtzebuergesch als Nationalsprooch, Franséisch als Gesetzessprooch an Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch als Verwaltungs- an Geriichtssproochen.

Dobäi ass de Begrëff « Nationalsprooch » eis eege symbolesch Definitioun. Reng linguistesch ass Lëtzebuergesch keng eegestänneg Sprooch, ma eng sougenannten Ausbausprooch.Dat ass esou, well se net genuch Ofstand zum Däitschen, respektiv verschidden Dialekter, huet. Trotzdem steet ausser Fro, dass d’Lëtzebuergesch um ëffentlechen a kulturelle Plang en integren Deel vun der lëtzebuerger Identitéit duerstellt. Deem sollt 1984 Rechnung gedroe ginn. 

Méisproochegkeet ass System zu Lëtzebuerg, aus guddem Grond. Si erméiglecht eis, trotz eisem klengen Territoire eng wichteg Roll an Europa ze spillen. E Jorhonnert vun Industrialisatioun huet dat nach verstäerkt, vill Aarbechter aus ganz Europa hunn sech hei niddergelooss an d’Land mat opgebaut. Dass mir souwuel franséisch wéi och däitsch geschwat hunn, war ëmmer zu eisem wirtschaftlechem Virdeel.

(Dësen Text gouf iwwerschafft, eng fréier Versioun hat spezifesch Ongenauegkeeten opgewisen. Merci dem Här Fernand Fehlen fir d'Detailler.)

Méi ausféierlech historesch Informatioune fannt dir op dëser Plaatz:
http://www.asti.lu/2013/05/15/making-luxembourg-dreisprachigkeit-fernand-fehlen/ 

"D’Auslänner wëllen kee Lëtzebuergesch schwätzen!"

Dat stëmmt net. Sproochecoursen fir lëtzebuergesch ze léieren sinn ëmmer méi gefrot, sou koum et viru e puer Joer nach dozou, dass mir mol net genuch virbereet woren op den Ustuerm vun Demande. Mëttlerweil ginn iwwerall am Land Couren offréiert. D'Demande vun den Sproochecoursen huet sech alleng zwëschen 2002 an 2012 méi wéi verduebelt an et och ass nach ëmmer déi Sprooch wou d’Nofro bei wäitem am gréissten ass.

 

Natierlech ass et esou, dass net all Zougezugenen dozou kënnt, virun allem, wann et em eeler Persoune geet. Ma et ass awer och esou, dass d’Kanner vun den Awanderer am Allgemengen d’Lëtzebuergesch liewen, erliewen an och als hir sproochlech Identitéit unhuelen. Sou war et mat italieneschen Awanderer, de portugiseschen, de jugoslaweschen.

Ee Feeler maache mer wuel selwer gär, an dat ass deen - un sech virdeelhafte - Reflex, schnell op friem Sproochen ëmzeschalten. Wa mir eis auslännesch Bierger net invitéieren lëtzebuergesch ze schwätzen, hunn se wéineg Geleeënheet, et ze trainéieren.

"Lëtzebuergesch gëtt et geschwënn net méi!"

Dëst ass eng falsch Ausso. Net nëmmen, dass lëtzebuergesch déi am meescht geschwate Sprooch am Land ass. Expäre bestätegen, dass nach ni esou vill Lëtzebuergesch geschwat gouf wéi elo, alleng hei am Land iwwer 400.000 mol (Baleine-Étude).

Bei allen Zuelespiller muss een sech ëmmer bewosst sinn, dass mir all méisproocheg sinn. Et geet also ni em déi eng Sprooch ODER déi aner, mä villméi em déi eng Sprooch AN déi aner. Op dëser Basis hu mer e ganze Schoulsystem opgebaut.

Ass Lëtzebuergesch dofir a Gefor? Offiziell Quelle soen neen. D’UNESCO huet Lëtzebuergesch als « vulnerable » agestuuft, NET - wéi oft falsch ugeholl - als « endangered ». Lëtzebuergesch ass also éischter eng « empfindlech » Sprooch, theoretesch ugräifbar. Dat ergëtt sech schonn aus der Gréisst vum Land. Awer si ass, laut der UNESCO-Definitioun, net an iergendenger direkter Gefor.

Och aner Sproochwëssenschaftler ënnerstëtzen déi Vue. "Ethologue", eng geleefeg Standardreferenz, bewert Lëtzebuergesch mat engem sougenannten EGIDS-Level vu 4 (op enger Skala bis 10, an 10 ass ausgestuerwen). An de Wierder vun "Ethnologue": d’Sprooch gëtt a groussem Ëmfang agesat, ass standardiséiert, huet eege Literatur, a gëtt institutionell benotzt an ënnerstëtzt. Och op der Graphik gesäit een, dass Lëtzebuergeschen am Verglach zu villen anere Sprooche relativ vital ageschat gëtt. 

Souwuel d'Aussoe vunn der UNESCO, wéi och vun "Ethnologue" ginn dobäi vun eisen eegene Fachleit als ongenee verstaanen, déi wëssentschaftlech Arbecht op deem Gebitt ass nach relativ jonk, an eng Partie Zuele berouhen op Estimatiounen. Mat der Vollékszielung vun 2011 awer wor et méiglech eng méi präzis Bestandsopnahm ze maachen: iwwer 400.000 Leit schwätze lëtzebuergesch, souvill wéi ni virdrun.

Natierlech ass et esou, dass d'Welt zanter enger Zäit amgaang ass international ze ginn, an och mir mierken dat natierlech: méi Sproochen, an d'Leit, déi ze schwätzen. Awer iwwer all deem ass och eis Sprooch um Wuessen, déi schonn ernimmten Aschreiwungen an d'lëtzebuerger Sproochecouren, déi staark an d'Luucht gaange sinn, sinn dobäi nëmmen een Indice. Virun allem den Internet huet an de leschte Joren och dem Lëtzebuergeschen e massiven Opschwong bruecht, och d'Medien an an d'Konscht droen hiert bäi (wéi mer am nächste Punkt gesinn). Eis Sprooch fënnt sech a méi Domäner erëm, an och dat ass e Critère fir eng vital Sprooch.

Mëttlerweil gëtt vill Energie dran investéiert fir eis Sprooch ze erfuerschen, ze bemoossen, an ze konservéieren. Sou gëtt et op der uni.lu zanter e puer Joer eng Sektioun «Luxemburgistik»

Dëst alles dréit derzou bei dass eis Sprooch nach laang wäert erhale bleiwen. 

"Eis Kultur geet verluer!"

Och dës Ausso ass net richteg, am Géigendeel.

Zanter den 80er Joren befënnt sech Lëtzebuerg an enger kultureller Entwécklung, wéi se virdrun net erreecht gouf. Dat betrëfft och besonnescht eis Sprooch.

Et gouf nach ni esou vill Kultur op Lëtzebuergesch: Theater, Filmer, Literatur an alle Genren, ma och Musek a lëtzebuerger Sprooch, vum Folklor iwwer Rock a Punk bis hin zum Rap. Medien a lëtzebuerger Sprooch hunn sech entwéckelt, viru gut 30 Joer gouf et – Hei Elei Kuck Elei - just Sonndes 2 Stonnen lëtzebuergeschen Tëleesprogramm. Mëttlerweil schwätzen den Asterix an d’Simpsons lëtzebuergesch, mir hunn eege Sitcoms an Dokuserien.

Ma och eis Coproduktioune mat anere Länner hunn eng grouss Renommée. Eng Zesummenaarbecht mat Frankräich huet eis en Oscar bruecht, eng Zesummenaarbecht mat Afrika e Grammy.

Ob mir alleng, oder mir mat deenen Aneren: mir dierfen houfreg op eis Kultur sinn, well si lieft.

"D'Lëtzebuerger stierwen aus!"

Ugefangen domat, dass et esou eppes wéi e «renge Lëtzebuerger» net gëtt. Mir stamen alleguer vun Leit of, déi iergendwann emol keng Lëtzebuerger waren. Mir si Lëtzebuerger duerch Zouuerdnen, net duerch Blutt.

Ma zeréck zur Behaaptung d’Lëtzebuerger géifen ausstierwen. Wann een sech d’Zuelen ukuckt, gesät ee séier, dass dat net wouer ass. Genee wéi bei eiser Sprooch, ass d’Zuel vu lëtzebuerger Nationalitéitsdréier ëmmer nëmme gewuess, mol méi lues, mol méi séier. An der Lescht erëm méi séier, och well ëmmer méi bäigezu Matbewunner sech mat hirem Liewen a Lëtzebuerg identifizéieren an eis Nationalitéit ufroen.

An och wann - aus historeschen a wirtschaftleche Grënn - e groussen Undeel vun Auslänner hei lieft a schafft, sou ass dach festzestellen, dass deen Undeel liicht ofbremst. Ëmmerhin: mat 55% Lëtzebuerger ass et nach vergläichsweis wäit bis zu de 16% Portugisen oder 7% Fransousen, déi bei eis wunnen.

Et dierf een och net vergiessen, dass et ëmmer méi auslännesch Matbierger ginn déi sech Lëtzebuerger wëllen maachen loossen. Waren et 2005 995 Leit, sou waren et 10 Joer méi speit 5306.

Mir verléieren eis Identitéit !

Et kéint een éiweg diskutéieren, wat eng Identitéit ausmécht. Mir si méi wéi Gromperekichelcher, a mir sinn och méi wéi eis Sprooch. Wat stëcht hannert de rout-wäiss-bloe Faarwen?

Et gëtt esou vill wat mir sinn: Stater, Éislécker, Miseler, Minettsdapp. Mir si Schmelzaarbechter, Bauer, awer och Wëssenschaftler, Entrepreneur oder Kënschtler. Mir si Fuesbal an Disco, Sprangprëssessioun an Halloween. Mir iesse Judd mat Gaardebounen a Fast Food vun aller Couleur.

Deen een esou, deen aneren esou, Identitéit ass virun allem eppes perséinleches. Ween oppen ass, ka seng Identitéit erweideren.

Gemeng hu mer, als Lëtzebuerger, dass mir d’Responsabilitéit vir e Land hunn, wat ëmmer e Land an engem internationale Kontext wor.

Fro no!

Du hues eng Fro zu engem Dossier, déi mir dir nach net beäntwert hun?
Schéck eis eng Mail op

fro@linkingluxembourg.lu

Mir recherchéieren a setzen d'Info an den Dossier!

Wéi posten?

E Bild kanns du mat riets uklicken, bei dir tësche späicheren, an dann an deng Diskussioun eroplueden.

En Text kanns du einfach uwielen, riets uklicken a copy-pasten.

E Video kanns du deelen, andeems du de Feil uewe riets am Video klicks.