Wee si mir?

Mir sinn e puer jonker a manner jonk engagéiert Bierger, déi sech zesumme fonnt hunn, fir zesummen eppes géint Auslännerfeindlechkeet a Feelinformatiounen ze maachen.

De Projet LINKING LUXEMBOURG ass e Projet a Collaboratioun mat der ASTI, BEE-SECURE,
an der Initiative NON À LA HAINE.

Finanziell Ënnerstëtzung krute mir vum SERVICE NATIONAL DE LA JEUNESSE.

 

 

 

Wisou dës Initiativ?

Duerch de Succès vun de Projete MAKING LUXEMBOURG a MIXING LUXEMBOURG ass d’Iddi opkomm een neie Projet unzefänken, dee schonn am Numm ausdréckt, em wat et eis geet: Verbonnenheet tëscht allen Nationalitéiten hei am Land.

Leider gesäit een ëmmer erëm Kommentaren op de soziale Medien, déi sech géint Auslänner, Frontalieren, Flüchtlingen an anerer riichten. Et handelt sech oft ëm falsch Informatiounen, Virurdeeler oder Ängscht. Mir wëllen dës Virurdeeler an Ängscht ofbauen, ma awer och den Leit eng Méiglechkeet bidden, op des Kommentaren ze reagéieren.

D'Idée vun dësem Site ass Argumenter géint verschidde Virurdeeler ze sammlen an ze regroupéieren, an déi Argumenter netzgerecht op Facebook, Twitter an anere soziale Medien ze deelen.

 

Wéi kann ech dësen Site benotzen ?

Huele mer un, du lies en auslännerfeindleche Kommentar, baséierend op falsch Informatiounen, an du weess net wat soen.

  1. Komm op eise Site, oder op eis Facebooksäit.
  2. Sich e Meme oder Video, oder mach dech am Dossier zum Thema schlau, fir déi passend Äntwert parat ze hunn.
  3. Du deels déi Informatioun, oder dee Meme, als Äntwert op den auslännerfeindlechen Kommentar.

 

 Fir all weider Info, schreiw eis op This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.