"Wisou huele mir iwwerhaapt Flüchtlingen op?"

Lëtzebuerg huet 1951 mat anere Länner d’Konvention vun Genf ënnerschriwwen.

Domadder hu mir eis och verpflicht, deene Leit ze hëllefen, deenen hirt Liewen wéinst hirer Rass, Religion, sexueller Orientatioun, hirer Zougehöregkeet zu engem Grupp oder wéinst hirer politescher Meenung a Gefor ass. Dozou geheiren natirlech och déi Leit, déi aus Krichsgebidder kommen.

Hei an Auszuch aus der Genfer Konvention vun 1951:

Ausserdeem seet den Artikel 14 vun der Mënscherechtskonventioun, dass all Mënsch dee verfollegt gëtt, d'Recht op Asyl huet:

"Mir kënnen net de Misère vun der Welt ophuelen!"

Dat mache mir och net.

Dofir gi mer mol hei direkt Entwarnung.

Wann een dëse Grafik kuckt, gesäit ee ganz schnell, dass mir schonn aner Joer haten, wou vill  Flüchtlingen bei eis an d’Land komm sinn. Dat war z.b.1999 wou vill Léit virum Balkan Krich geflücht sinn.

Et dierf een och net vergiessen dass net all Persoun déi Asyl ufreet och déi international Protektioun vun Lëtzebuerg unerkannt get. Sou kruuten z.b. 2019 just 32% vun all den Dossier déi behandelt goufen och den Flüchlingsstatut unerkannt wéi dësen Grafik weist:

Laut dem UNHCR waren Enn 2014 op der ganzer Welt bal 79,5 Milliounen Leit vun hirem doheem entwuerzelt. Dovun sinn 22,5 Millounen Persounen Flüchlingen. Wat erstaunlech ass, ass dass 84% vun dësen Persounen vun Entwécklunglänner opgefaangen ginn.

Wann een dann den internationale Verglach mat Europa mëcht, gesäit ee ganz schnell, dass mir bei wäitem net déi sinn, déi am meeschte Flüchtlingen ophuelen. Europa huet 2019 ongeféier 612.700 Leit opgeholl. Am Verglach zu anere Länner, gesäit een, dass mir och an Europa och déi meeschten Flüchlingen ophuelen:

"Déi vum Balkan sinn all Wirtschaftsflüchtlingen!"

Et stëmmt, dass z.b. nach 2014 déi meescht Asyldemandeuren Leit aus dem Balkan waren.

Vun 1091 Demanden waren 170 aus Bosnien, 145 aus Montenegro an 140 aus Kosovo. Dës Länner ginn awer vu Lëtzbuerg als sécher agestuft, dowéinst kréien dës Leit meeschtens hir Demande refuséiert.

Zenter 2019, gesäit dës Situatioun och schonn aneschter aus. Et si mëttlerweil méi Léit aus Eritrea oder Syrien, déi bei eis ukommen, wéi Kosovaren:


Ausserdeem ass et sou, dass déi meescht Leit, déi rëm heem geschéckt ginn, aus den Balkanlänner kommen:

"Flüchtlingen huelen eis d'Aarbechtsplaatzen ewech!"

Dat stëmmt op kee Fall. A Wierklechkeet dierfen "Demandeurs de protection internationale" an hirer Prozedur reicht no 6 Méint schaffe goen. Dëst nennt sech dann eng "Attestation d’Occupation temporaire" (AOT) an ass a Wierklechkeet eng extrem schwéier administrativ Hürd.

Des weideren huet de Lëtzebuerger d'Virrecht op eng Plaatz. Dat heescht, dass een Asylbewerber, deen no 6 Méint well schaffen goen, hoffen muss, dass keen Lëtzebuerger déi Aarbecht ka maachen. Soss kritt hien se net.

Am Joer 2019 waren dat am ganzen 42 Asylbewerber, déi dovu profitéiert hunn. Also extrem wéineg.

Vun deem Moment un, wou e Flüchtling unerkannt ass, fällt hien an déi nämlecht Konditiounen wéi e Lëtzebuerger. Si hunn awer oft de Problem, dass hir Diplomer net unerkannt ginn. Sou kënnt et mol gäre vir, dass e syreschen Dokter hei muss fir eng Botzfirma schaffen.

"Flüchtlinge kréie méi Suen wéi mir!"

Dat ass falsch. Nom aktuelle Gesetz kritt eng erwuessene Persoun, déi eng Demande d'Asyl gemaach huet, 25 Euro Täschegeld. Falls si neischt z'iessen geliwwert kritt, kritt se nach eng Kéier 225 Euro fir Iesswueren ze kaafen. Dat mëcht am ganzen 250 Euro.

Auszuch aus dem Gesetz :

"Flüchtlinge sinn Terroristen!"

Och dat ass falsch. Terroristen - wéi den IS - zerstéire Länner wéi Syrien. D'Flüchtlinge lafen also virun dësen Terroriste fort. Dausende vu Kilometer, iwwer Waaser, iwwer Land an iwwer Stacheldroot, just fir sech virum Terror ze retten.

Och wann en Eenzelfall ënnert den Honnertdausenden net auszeschléissen ass, sou hunn d'Policen keen aussergeweinlechen Ustieg vu Kriminalitéit festgestallt. Terroristen sinn oft an Europa gebuer an opgewues, oder awer komme mam Fliger, mat falschem Pass.

Aus engem Rapport vun Amnesty International:

"Déi hu jo all en Handy a Markegezei!"

Zum Thema Migratioun a Flüchtlinge gëtt vill geschriwwen an publizéiert, a leider handelt et sech oft em Desinformatioun.

Et gesäit een z.b. oft Photoen op Facebook an op anere soziale Medie mat Flüchtlingen, déi Markekleeder a Smartphonen hunn.

Et dierf een net vergiessen, dass déi Leit wou bei eis ukommen, e ganz normalt Liewen gefouert hunn, wéi du an ech. Och a Syrie konnt ee Markekleeder an Handye kaafen. Dës Leit sinn jo och net geflücht, well se keng Suen haten. Wéinst dem Krich hunn si misse flüchten.

Dowéinst ass et och net verwonnerlech dass si Handyen a Markekleeder hunn. Ausserdem erlaabt den Handy hinnen, op der Streck bis bei eis ëmmer a Kontakt mat hirer Heemecht ze bleiwen, an am Noutfall Hëllef ze rufen.

Op villen Plazen, wéi z.B. op enger Gare oder aner ëffentlech Plazen kënne si vum fräien Wifi-Accés profitéieren, fir Nouvellen ze kréien oder ze verschécken.

"Ech ka jo souwisou näischt maachen!"

Dat ass falsch!

Du kanns eis hëllefen Virurdeeler iwwer Flüchlingen ofzebauen, an deems du dës Argumenter, eis Memen oder eis Videoen an denger Arfumentatioun um Netz benotz.

Et ginn awer och aner Méiglechkeeten. Sech als Benevole mellen bei der ASTI, Caritas oder Croix Rouge, an zum Beispill Hausaufgabenhëllef fir Kanner, Sproochecouren, oder aner Aktivitéiten mat hinne maachen.

Wéi kann ech erausfannen, wéi eng Infoë wouer sinn?
Op dëse Säite sinn e puer Tipps ze fannen:

Artikel "Comment vérifier les infos trouvées sur internet?"

Stopfake

Fro no!

Du hues eng Fro zu engem Dossier, déi mir dir nach net beäntwert hun?
Schéck eis eng Mail op

fro@linkingluxembourg.lu

Mir recherchéieren a setzen d'Info an den Dossier!

Wéi kopéiren?

E Bild kanns du mat riets uklicken, bei dir tësche späicheren, an dann an deng Diskussioun eroplueden.

En Text kanns du einfach uwielen, riets uklicken a copy-pasten.

E Video kanns du deelen, andeems du de Feil uewe riets am Video klicks.